Ooooooommmmmmm - Poubellesmeditatioun !

Lo vréckt den Dreck - Woch 2 Ir mer onsen Offall kenne reduzéieren oder esou guer vermeiden, hëlleft et, sech emol bewosst ze gi wat ee wierklech esou als Offall huet. Dat ass fir jiddereen anescht. Matt dëser Iddi setze mer ons hei am Januar auserneen. Sech einfach mol bewosst gi wat een an der Poubelle huet a wat Alles esou dra lant. Dir gehéiert bestëmmt schonns fläisseg zu deenen di engagéiert recycléieren, an all Woch är verschidden Dreckskëschten a Valorlux-Tut baussent Dir setzen. Mee wat genee ass do iwwerall dran? Den Tri mëscht een oft automatesch an och schwaarz Poubelle gëtt gefëllt ouni datt ee vill Gedanken dropsetzt. Dofir huele mir ons des Woch en Notizblock, et kann och gäre

Flësseg Alles-Seef

Lo vréckt den Dreck - Woch 10 Wien kennt se net di gutt al Marseille Seef vu fréier ? Oder Kernseifeaus Däitschland ? Klassesch Seefen, och nach Schmierseefe genannt, déi aus engem Fett, enger Lauge/SoudeanWaasser hiergestallt ginn. Traditionell woren et an Däitschland (an och hei bei ons) Déierefetter di aus de Schanken ausgekacht goufen a wou da Seef draus hiergestallt gouf. An der Marseiller Seef gëtt traditionell nëmmen Olivenueleg dra verschafft. Leider fënnt een déi haut nach kaum, well et muss ee wëssen datt den Numm 'Savon de Marseille' keng Appellation Controlée oder Protegée ass, an dat dofir vill gefuddelt gëtt. Dofir sollt ee genee op der Ingrédientslëscht liese wat dran ass. Of

Mëllechtankstellen...

Lo vréckt den Dreck - Woch 8 Dat een de Jughurt a consignéierte Glieser an de Supermarché'en kritt mat enger Consigne (15cts), hate mer schonns erwäänt. An Unvepacktbutteker a beim Naturata z.B. kritt een och Mëllech an der consignéierter Fläsch, déi allerdéngs meeschtens vu méi wäit (wei Bayern) ugeliwwert gëtt. Zu Baaschtnech ass se vu engem Haff aus der Ëmgéigend. Et geet awer nach besser, et ginn nämlech well eng Réi Mëllechtankstellen hei am Land, wou ee fir 1€ de Liter (jo nëmmen 1€ !) seng frësch Mëllech kann a selwer afëllen. Net nëmme schmaacht se super, mee et léist sech och excellente Jughurt dermadder selwer hierstellen. Jughurt kann een och aus veganer Mëllech hierstellen. Gron

The Enemy of Plastic...

... sidd dir ! Lo vréckt den Dreck - Woch 7 Mir hunn elo schonns vill Méiglechkeete gesi wei een Zero Wastezu Lëtzebuerg ka liewen. An mir hunn nach guer net vun de klasseschen Unverpackt Butteker geschwat. Si hunn de Virdeel datt een sech just genee esou vill kann afëlle wei och reell braucht, respektiv et kann een sech Drëschenwueren op Stock kafen da brauch nëmmen all puer Wochen dohinner. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et jo den OUNI dee ganz bekannt ass, zu Suessem gëtt et EIS EPICERIE dee e ganze Rayon en vrac huet, jo esouguer e puer Supermarché'en hunn ugefaangen e puer Silo'en op ze stellen. Zu Tréier gëtt et den UNVERPACKT LADEN an der Foussgängerzonen, hei fir am Frankräich gëtt et Chaîne

Shopping !

Lo vréckt den Dreck - Woch 4 Nodeems mer ons déi zwou läscht Woche mat onser Poubelle ausernee gesat hunn, kucke mer des Woch éischter op dat wat mir alles esou vu bausse mat an onse Stot era schleefen, a wat jo ultime iergendwann an onser Poubelle lant. Wann mer aus dem Supermarché heem kommen, hunn mer beim Auspaken oft schonns e riseg Bierg dee mer a Poubelle/Recycling droen. Awer och vill aner Akeef, oder Saachen déi mer vu lenks a riets mat Heem bréngen,benotze mer eng Zäitchen a ginn da, fréier oder spéider, zu Offall. Dofir wëlle mer des Woch einfach mol ons Gedanken drop setze wat mer dann alles esou kafen a mat Heem bréngen. Nächst Woch kucke mer dann déi éischt Gesten, wei ee Versc

ZERO WASTE = ZERO PLASTIK

Lo vréckt den Dreck - Woch 5 An? Nodeems mer ons am Januar Zäit geholl hunn ons mat onser Offallproduktioun a onsem Konsum méi bewosst auserneen ze setzen, gëtt bestëmmt bei Iech och een Haaptgedanken : Lo vreckt den Dreck ! Iwwert déi nächst Wochen a Méint stelle mer praktesch Tipps fir wei een sech op Zero Waste kann ëmstellen hei fir. Einfach Tipps wou fir jiddweree bestëmmt op mannst eppes derbäi ass, an awer och Tipps fir Léit déi méi wäit wëlle goen an hirer Approche. Mir wäerten och no an no Hannergrondwëssen hei deelen, ouni awer elo déi pragmatesch an einfach ëmsetzbar Gesten hei aus den Aen ze verléieren. Well am Endeffekt ass et jo dat wat ons am Alldag interesséiert wei mer eppes

Esseg ass net nëmmen do fir ze Kachen

Lo vréckt den Dreck - Woch 9 Wéi vill Botzmëttel (a Plastiksfläschen) hunn mer doheem stoen, e Produit fir Buedzëmmer, ee fir Kichen, ee fir de Buedem, ee fir Hei an ee fir Do… wien kennt dat net… ? Dofir beschäftege mir ons an den nächste Woche mat dem Botzen: Wei kann ech Botzen a mäin Haus propper kréien ouni chemesch Botzmëttel an ouni Verpackungen. Also richteg nohalteg ze Botzen. Mir wäerte gesinn datt mer net vill Ingredient brauchen : Bëssi Esseg oder eng Zitroun, Bakpolver/Natron/Bi-carbonatede soude, an e Stéck klassesch Seef (Marseiller Seef, Kernseife) a Waasser. Domadder kréie mer all Grondrezepter hin, dei een natierlech duerno weider verfeinere kann. Et kann een och nach Soda

Offall-Meditatioun 2.0

Lo vréckt den Dreck - Woch 3 Nodeems mer lëscht Woch ons Poubelle an hirem IST-Zoustand méi genee ënnert Lupp geholl hate, wëlle mer ons des Woch méi mat der Dynamik ausernee setzen, an zwar mat dem Flux vun Offall deen am Alldag an Poubelle/Recycling geet. Dëst sinn oft onbewosst Gesten, déi séier niewelaanscht an op Autopilot lafen, ouni datt mer vill driwwer nodenken. Illustratioun (c) Lisa Grosbusch, 2019. www.lisagrosbusch.com Fir ons des Woch einfach eng Kéier méi bewosst ze gi wat alles an d'Poubellë respektiv an de Recycling flitt, kann een sech vir un ze fänke mol e klengen Ziedel op den Deckel pechen, fir sech all Kéiers selwer drun ze erënneren an sech dëse Geste bewosst ze maache

Mir sinn all KonsommaKteur

Lo vréckt den Dreck - Woch 6 Wéi heescht et esou schéin op franséisch : Acheter, c'est voter ! Mir hunn all de Choix bei deem wat mer kafen a woufir mir ons Euroen ausginn decidéiere mir nach ëmmer selwer. Dat heescht wa mir Nëss am Lassenen an Nëss am Sack niewentenee léien hunn, musse mer héchsten ons eege Bequemlechkeet iwwerwannen an Nëss selwer an onse matbruechte Säckelchen afëllen. Stellt Iech mol fir jiddweree géing esou iwwerleeën an handelen, da géing de Supermarché séier op sengen agepaakten Nëss setze bleiwen an aus reng ekonomesche Grënn ganz séier just nach lassen Nëss ubidden. E banaalt Beispill, wat awer kloer weist datt mer alleguerten onsen Deel kennen derzou bäidroe fir d

ET GEET LASS !

LO VRECKT DEN DRECK ! Den Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg ! POUBELLE OP REGIMM All Woch néi Ideeën ! Firwat sech 2018 net mol fir dat néit Joer de gudde Virsaz huele fir manner Dreck ze produzéieren? Matt dëser Fro hate mer lëscht Joer den 1. Januar iwwert e puer Wochen den éischten Zero Waste Challenge zu Lëtzebuerg lancéiert. Well et gutt gefall huet an Nofro do ass, lancéiere mer dëst Joer Versioun 2.0 a bidde wärend 52 Wochen all Woch e flotte Post mat zackegen Idéeën ! Nom Motto 'Lo vreckt den Dreck' gëtt Poubelle op Regimm gesat! Loscht mat ze maachen? Hutt Der Flemm ëmmer esouvill Dreck a Plastik mussen ze geréieren an triéieren, oder frustréiert et Iech wann Der Biller vum Plastik